Säit eis nei Kapp-Statioun den 11. Februar 2020 an de Reegel-Betriib gaangen ass, hu mir och erëm d’Méiglechkeet eis eegen Fernsehprogrammen an eist Fernseh-Signal anzeglidderen. Sou bedreiwen mir zur Zäit zwee Sender déi iwwert eist Netz ausgestraalt ginn.
Dës zwee Sender sinn:
Canal Info ACT HD
Mat hëllef vun Info-Tafelen informéiere mir eis Memberen iwwert Veranstaltungen an Aktivitéiten an eiser Gemeng. Fir dësen Zweck ka Jiddereen, den eppes iwwert eise Kanal bekannt maachen wëll, eis doriwwer mëttels enger Mail un actroisvierges@actroisvierges.lu informéieren. Pro Veranstaltung ass eng Tafel fir Veräiner aus eiser Gemeng gratis. Och private Informatiounen, wéi z.B. verlueren Objete oder entlafen Déieren, asw. si gratis. Kontaktéiert eis fir weider Informatiounen.
Info Kanal ACT HD (a lëtzebuergescher Sproch)
An de Joren 1993 bis 2009 si verschiddene Mataarbechter vun der Gemeinschaftsantenn mat hirer Videokamera duerch d‘Gemeng an Ëmgéigend gezunn an hunn alle ustoend Aktivitéiten a Bild an Toun festgehalen. Déi sou entstane Videoen goufen jeeweils Sonndes a Form vun enger „Info-Show“ den Abonnenten vun der Gemeinschaftsantenn via Info-Kanal virgedroen.
Doduerch besëtzt d‘Gemeinschaftsantenn ee bemierkenswäert Archiv mat interessanten Videoopnamen aus vergaangenen Joren. Dëst Material gouf mëttlerweil digitaliséiert a gëtt an Endlos-Schleef iwwert eisen „Info Kanal ACT HD“ ausgestraalt
Sollt Dir doheem privat Videomaterial hunn, wat vun allgemengem Interesse ass, so kann och dëst iwwert eisen Sender ausgestraalt ginn. A wie weess, villäicht gi mëttelfristeg och erëm nei Info-Show’en produzéiert …
Dir fannt dës zwee Kanäl wann Dir ee manuelle Sich-Laf op ärem Fernseh maacht, op 162,000 Mhz; QAM 256 mat enger Symbol Rate vun 6 875 Ksps.
Am Joer 2019 hunn „Ciné-Video-Amateure Troisvierges“ beschloss wéinst Mangel un neie Memberen hire Veräin opzeléisen. Dëse Veräin hat schonn ab 1976, an dëst nach bis zum Joer 2019, d‘Aktualitéit an der Gemeng gefilmt a jeeweils zu enger Joeres-Revue zesummen geschnidden.
Well mir elo den eenzege Veräin an der Gemeng sinn, de sech mat dëser Zort vu Videoen beschäftegt, hunn Ciné-Video-Amateure beschloss eis hiert gesamte Material ze iwwerloossen. Soubal nach e puer Formalitéiten mat der Gemeng ofgeschloss sinn wäerte mir och dëst Material iwwert eisen Kanal ausstralen kënnen.