vum 11. Februar 2020 un
- Déi konventionell Fernsehprogrammer vun „ELTRONA“ ginn duerch eis Programmer ersat. Verschidde Sender wéi den „Canal Info“, „Info ACT“ an „Nordliicht TV“ gi vun eis a Betrib geholl.
- D‘Pay-TV Programmer vun „ELTRONA“ ginn aus techneschen a finanziellen Grënn, déi mir net beaflossen kënnen, net weider ausgestraalt. Clienten mat engem Pay-TV-Bouquet vun dëser Firma wäerten vun ELTRONA kontaktéiert ginn a si sollen sech wannechgelift och un eise Veräin wenden.
Hei ee klenge Resumé vun eise Pay-Tv Verhandlungen
Mir haten mat Vertrieder vun ELTRONA op enger Versammlung am November ofgemaach dat mir d’Pay-Tv Signal weider vun hinnen geliwwert kriten, ënnert der Konditioun dat mir fir d’Glasfaser-Leitung bereetstelle misste, woufir mir och direkt alles an d’Weeër geluecht hunn.
Déi bestoend technesch Infrastruktur kéinte mir dann héchstwarscheinlech weider profitéieren, wouduerch dann keng weider gréisser Käschten fir eise Veräin entstoe géifen.
Ufank Dezember huet et dunn geheescht mir missten awer lo nei technesch Infrastruktur (Glasfaser-Sender, Empfänger) fir bal 10.000 € bezuelen, woumat mir och nach averstane waren.
Mëtt Dezember huet et dunn geheescht, mir missten awer och nach ee Backup-Sender bestellen, an da misste mir och nach d’Pay-Tv Signal selwer eraus filteren. Och wier et net méiglech den Datum vum 11. Februar anzehalen. Alles an Allem hätt sech duerch dës Oploen de Präis nach eng Kéier méi wéi verduebelt. Dëst wier eng Investitioun ginn déi vun alle Memberen, also och déi ouni Pay-Tv, hätt misste bezuelt ginn.
Wéi mir ELTRONA Ufank Januar matgedeelt hunn dat mir domat net kéinten averstane sinn, koum keng Äntwert, bis mir genee wéi eis Clienten den 13. Januar d’Kënnegung vun eise Pay-Tv Kontrakten an der Bréifkëscht haten.
Et deet eis Leed, dat mir elo eise Memberen kee Pay-Tv méi ubidde kënnen, mir wäerten eis awer och net erpresse loossen.
Ab dem 11. Februar speist eis Gemeinschaftsantenn déi folgend Fernsehsender an eist Netz an.
Am beschte setzt Dir Äre Fernseh den 11. Februar op d’Wierks-Astellungen zeréck, doduerch ginn dann all al Sender-Lëschten geläscht. Dono maacht Dir dann eng nei Sich.
Beim Sichen muss en, jee no Fernseher, folgend Wäerter astellen :
Quelle: Kabel (net Antenne oder Satellit)
Voll-Sich oder Frequenz-Sich (net Netzwierk oder schnell)
digital Sender (et gëtt keen Analog méi)
Verschlësselt an onverschlësselt Sender
QAM: 256 Symbolrate: 6.875
Sollt Dir Problemer hunn, fir eis Sender anzestellen, da setzt Eech wannechgelift mat eis a Verbindung.