Eis Offer

De Präis vum Abonnement

Fir de Präis vun 180€ pro Joer kënnt Dir 113 digital Fernsehsender a 7 verschiddene Sprooche kucken. Ausserdeem kënnt Dir 21 digital Radiosender iwwert eis Gemeinschaftsantenn lauschteren. Deemnächst wäerte mir och erëm analog Radiosender iwwert eis Antenn ubidden.

180€ pro Joer si 15,00€ de Mount. Mat dësem Präis brauche mir eis virun den aneren Ubidder um Maart net ze verstoppen. Fir dëse Präis liwwere mir d’Signal an d’Wunneng, an do ka jidder Haushalt sou vill Fernseher bedreiwe wéi e wëll.

De Präis vun der Installatioun

Eng nei Installatioun ass gratis. Ab enger gewësser Zuel Fernseher mussen eventuell Verstäerker agebaut ginn, awer dëst ass och nëmmen eng eemoleg Investitioun. Sollte mir an Ärer Wunneng eppes änneren oder nei maache mussen, berechne mir dat mat 25€ pro Aarbechtsstonn pro Mataarbechter. Frot bei eis no – mir maachen Eech gären en onverbindlechen Devis.