Eis Gemeinschaftsantenn funktionéiert als Veräin an dem all Haushalt aus der Gemeng Member ka ginn.
De Comité besteet am Moment aus 5 Memberen.
Hei ee klengen Historique
D’Gemeinschaftsantenn gouf den 13. Juni 1967 op Initiativ vum Interesseveräin Ëlwen an d’Liewe geruff fir den Awunner vun Ëlwen a Biwwesch e beschtméigleche Fernseh-Empfang ze garantéieren. Schonn am Oktober 1967 goufe sechs Programmen an d’Netz agespeist.
Den éischten Antenne-Mast, den sech um Enn vun der Rue Josy Conrad befonnt huet, gouf 1978 duerch een neien 32 Meter héije Mast ersat.
Bei Geleeënheet vun der éischter grousser Erweiderung goufen am Joer 1988 d‘Dierfer Wilwerdang, Drénkelt a Géidgen un dat bestoend Netz ugeschloss. Déi éischt Kapp-Statioun (Gebai vu wou aus déi empfaange Sender an d’Netz gespeist ginn) stoung an der Rue Josy Conrad, a war nëmmen e puer Quadratmeter grouss. Wéinst der zentraler Lag an der Gemeng gouf 1988 Drénkelt als Standuert fir eng nei Kapp-Statioun gewielt. Dëst Gebai bestoung Ufanks aus zwou niewenaner opgestallte Fäerdeg-Garagen.
Am Joer 1990 ass den 26. Februar wärend engem Stuerm, den eréischt zwee Joer alen Antenne-Mast bei der Kapp-Statioun Drénkelt ageknéckt. Schonn den iwwernächsten Dag gouf de Groussdeel vun de Programme erëm provisoresch agespeist.
Déi zweet grouss Erweiderung vum Netz huet aus dem Uschloss vun den Dierfer Kiirchen a Beesslek bestanen.
Am Joer 1992 gouf ee Liwwerwon ugeschaaft, den och haut nach gutt Déngschter leescht.
Am Joer 1994 gouf dunn déi Kapp-Statioun erbaut déi och elo nach a Betrib ass. Nodeems de Réibau an den Dach duerch eng Entreprise ausgeféiert gi waren, gouf de gesamten Ausbau, souwuel vun de Bannen-, wéi och d’Baussenanlagen an Eege-Leeschtung ausgefouert.
Als lescht grouss Erweiderung gouf Huldang am Joer 1994 iwwer Glasfaser an d’Netz vun der ACT agebonnen. Domadder war elo déi ganz Gemeng vernetzt, an de gréissten Deel vun de Kabele war ënnerierdesch verluecht.
Fir den Ëmstig vun Analog op Digital-Signal zu erméiglechen hunn am Laf vum Joer 2006 sämtlech Verstäerker an eisem Netz duerch ugepasste Modellen ausgetosch misste ginn.
Och op der Kapp-Statioun hätten nei Apparature missten ugeschaaft gi fir d‘Antenne-Signal digital opzebereeden. Dës Uschafunge konnten ëmgaange ginn, wéi sech am Joer 2007 d‘Méiglechkeet ugebueden huet, d’Signal vun Eltrona-Distribution zu kafen, an dëst an eist bestoend Netz anzespeisen.
Aus verschiddenen Ursaachen gouf am Joer 2018 beschloss, nees vun Eltrona onofhängeg ze ginn. Vum 11. Februar 2020 un bereede mir op eiser neier Kapstatioun erëm eist eegent Signal op, fir dëst an eise Reseau anzespeisen.