Häerzlech wëllkomm op eiser Internetsäit.
Hei fannt Dir all Informatiounen ronderëm d’Gemeinschaftsantenn aus der Gemeng Ëlwen.
Eng Gemeinschaftsantenn, sou wéi se an eiser Gemeng säit iwwer 50 Joer besteet, bitt fir den Benotzer eng ganz Rei vu Virdeeler. Fir der nëmmen e Puer zu nennen:
- Mir sinn ee Veräin ouni Gewënnzweck – mir brauche kee Profit ze maachen. Eis Recetten musse just duergoen fir d’Auteursrecht a fir d’Signal ze bezuelen souwéi fir d’Netz an der Rei ze halen.
- Mir bidden attraktive Präisser an dës komme besonnesch zum Droen, wann sech méi wéi ee Fernsehgerät am Haushalt befënnt. (Weider Infoen ënner „Eis Offer„)
- Et kennt een sech, d. h. all Mataarbechter wunnen an der Gemeng a schwätzen Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch.
- Falls et Problemer mat dem Empfang gëtt, këmmere mir eis esou schnell wéi méiglech dorëm alles an d‘Rei zu setzen. Mir schaffen haaptsächlech samschdes, wenn eis Memberen Doheem sinn. Mir sinn, wat d‘Aarbechtszäit ubelaangt, ganz flexibel.
- Stellt sech eraus dat de Feeler um Netz läit, gëtt natierlech näischt berechent. Läit de Problem um Fernsehgerät oder un der Haus-Installatioun si mir käschtegënschteg; d‘Trajetzäiten sinn ganz kuerz a falen doduerch net an d‘Gewiicht. Ausserdeem si mir oft kulant.
- Mir bidden eise Memberen een Info-Kanal mat dem se sech iwwert d’Aktualitéit an eiser Gemeng informéiere kënnen.